Action Shop local

 

De Syndicat Intercommunal “De Réidener Kanton” lancéiert zesumme mat senge Partner gringgo s.c (www.gringgo.lu) an De Kär a.s.b.l (www.beki.lu) d‘gemeinsam Plattform shoplocal.reidener-kanton.lu. Hei hudd Dir nitt nëmmen den Iwwerbléck vum regionale Commerce mee och d’Méiglechkeet Online Kaddosbonge „shop local“ ze kafen, mam gewënschte Betrag a Form vu Bekischäiner, schéi festlech verpaakt. Eist Regiogeld – e Synonym fir Solidaritéit – gëtt a ville Geschäfter ugeholl. Se bënnt d‘Kafkraaft un d’Regioun Réidener Kanton a fërdert déi regional Wirtschaftskreesleef. D’Lëscht vun de Betriber, déi de Beki akzeptéieren, gëtt reegelméisseg aktualiséiert.

Weider Infoen fannt Dir op shoplocal.reidener-kanton.lu

Retour