Bierger Energie Kooperativ

De Syndikat vum Kanton Réiden huet zesumme mat sengen 10 Member-Gemenge wëlles eng Energie-Kooperativ an d’Liewen ze ruffen, wou d’Bierger aus dem Kanton Réiden an erneierbar Energie kënnen investéieren.

 

Wat ass eng Bierger-Energie-Kooperativ ?

Dës Kooperative soll méiglechst vill Bierger zesummekréien, déi gewëllt sinn hier Suen an nei a nohalteg Energieproduktiounsanlagen z‘ investéieren. Dëst sinn haaptsächlech Photovoltaikanlagen, déi op Diecher vu kommunale Gebaier am Kanton Réiden opgeriicht ginn.

D’Kooperative kann och a Projete vun aner Anlage mat erneierbaren Energien investéieren, déi zB mat Biomass, Wand oder Holz bedriwwe ginn.

Wat ass Zil vun der Bierger-Energie-Kooperativ ?

D’Zil ass et fir di lokal an ekologesch Energieproduktioun ze erhéijen, manner ofhängeg ze sinn an de Bierger d’Méiglechkeet ze ginn sech un dëser Produktioun finanziell ze bedeelegen. Also kuerz : eng aktiv Biergerbedeelegung bei der lokaler Energietransitioun.

Ween däerf investéieren ?

All Persoun physique (also keng Firma oder Veräin), déi Resident an enge vun den 10 Gemengen aus dem Kanton Réiden ass, däerf eng oder méi Parte kafen an esou Cooperateur ginn.

Wat kascht eng Part a wéi eng Rendite ass ze erwaarden ?

De Präis vun enger Part ass 250€, et däerf een och méi Aktie kafen. De Wäert vun all den Aktie vun enger Persoun däerf net iwwer 15% vum Gesamtkapital leien.

Di erwaarte Rendite wäert jee no Joer tëschent 3 a 6% leien.

Et ginn och Kandidate gesicht fir an de Conseil d‘Administration (CA) vun der Energie-Kooperative. Wat sinn d’Konditiounen fir do Member ze ginn ?

- Interessi an Zäit hunn

- Mind. 18 Joer

- Et muss ee Coopérateur vun der Energiekooperative sinn, also op mannst 1 Part hunn.

- Et muss ee bei der Assemblée Générale vun de Coopérateure gewielt ginn.

Wat sinn di nächst Etappen ?

Mëttwochs owes, den 1. Juni fënnt eis éischt Info-Versammlung zu Ell am Centre Culturel statt. Uschléissend ginn di interesséiert Bierger kontaktéiert, déi sech manifestéiert hunn. Bei der Assemblée Générale wäerten d’Statute gestëmmt an d’Membere vum CA gewielt ginn.

Ginn et scho konkret Projete fir nei Photovoltaik-Anlagen z’installéieren ?

Et si konkret Projeten an de Gemengen Ell, Préizerdaul an Uselding am gaangen ausgeschafft ze ginn. Bei all neiem Projet wäert een neien Appel à Capital lancéiert ginn.

Sidd Dir un der Bierger-Energie-Kooperativ interesséiert ?

Schéckt eis w.e.g. den ausgefëllte Formulaire op : Syndikat Intercommunal Kanton Réiden11, Grand-Rue - L-8510 Redange oder info@kanton-reiden.lu

Retour