De Kanton Réiden hëlleft an den Iwwerschwemmungsgebitter

Den 20 Juli 2021 sinn 23 Leit mat 8 Camionnetten a Material aus de Gemenge vum Kanton Réiden zesumme beim Atertlycée fortgefuer fir der Gemeng Rouspert-Mompech bei den Opraumaarbechten ze hëllefen.

Ee flotte Geste vu Solidaritéit vun de Gemengen aus dem Kanton Réiden fir deenen ze hëllefen, déi d'läscht Woch vun den Iwwerschwemmunge schwéier getraff goufen !

Retour