Eng territorial Visioun fir eise Kanton

Eng territorial Visioun fir eise Kanton

De Syndikat Kanton Réiden huet eng Conventioun mam Ministère vum Aménagement du Territoire ënnerschriwwe fir eng strategesch Visioun vun der Entwécklung vun eisem Kanton opzestellen.

Wéi soll eise Kanton 2035 an 2050 ausgesinn ? Mir wëllen d'Zukunft vun eisem Kanton aktiv matgestalten a sécherstellen, dass eis Liewenqualitéit am ländleche Raum erhale bleift.

Eng éischt technesch Versammlung huet dësen Dënschden zu Réiden stattfonnt. Mir soen de Vertrieder vun eise Gemenge villmools Merci fir di ganz interessant Diskussiounen.

Wann Dir méi wëllt iwwer dëse Projet gewuer ginn, da liest gären den Artikel an der aktueller Synergie.

***

Une vision territoriale pour notre Canton

le Syndicat du Canton de Redange a signé une convention avec le Ministère de l'Aménagement du Territoire pour mettre en place une vision stratégique de développement de notre canton.

À quoi devrait ressembler notre canton en 2035 et 2050 ? Nous voulons pouvoir façonner activement l'avenir de notre Canton et assurer à ce que notre qualité de vie dans les zones rurales soit préservée.

Une première réunion technique a eu lieu ce mardi à Redange. Nous tenons à remercier les représentants de nos ommunes pour les échanges très intéressants.

Si vous voulez en savoir plus sur ce projet, veuillez lire l'article dans la Synergie actuelle.

 

Retour