Europadag beim Marais de Grendel

Haut um Europadag hu sech d'BuergermeeschterInnen, d'Schäfferéit & d'Conseilleren vun der Gemeng Atert an dem Kanton Réiden beim Marais de Grendel getraff, fir den Europafändel nach emol symbolesch héich ze halen ! Den Här Buergermeeschter Arens (Atert) an de Buergermeeschter Här Engel (Grousbus) hu nach emol mat Nodrock drun erënnert woufir Europa steet an den dringenden Appel gemaacht d'Grenze nees op ze maachen !

Donieft huet den Här Buergermeeschter Arens och gezielt, datt een vun de Pappe vun Europa, den Här Robert Schuman, gären op Grendel bei d'Famill an d'Vakanz komm ass...Dem Här Buergermeeschter Engel seng Ried :

9. Mee 2020

Kuel an Eisen. Dat war den Ufank am Robert Schuman senger Deklaratioun vum 9. Mee 1950. Haut op den Dag viru 70 Joer. De Robert Schuman koum den 29. Juni 1886 zu Clausen op d’Welt a gëllt als ee vun de Grënnungspäpp vun Europa, wéi mir et haut kennen. Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Italien a Lëtzebuerg hunn 1952 nom Plang vum Robert Schumann d’Europäesch Gemeinschaft fir Kuel an Eisen (CECA) geschafen. Domadder gouf net nëmmen de Fridden tëscht dëse Länner assuréiert, mee virun allem de Grondstee fir déi spéider Europäesch Unioun geluecht. 1957 hunn déi selwecht 6 Länner eng Wirtschaftsgemeinschaft an d’Liewe geruff, aus där déi Europäesch Gemeinschaft entstanen ass. Ëmmer méi Länner si bäigetrueden. 1993 ass mam Vertrag vun Maastricht d’Europäesch Unioun geschafe ginn. Haut nennen eppes Klenges méi wéi 500 Millioune Mënschen d’EU hiert doheem.

Duerch d’Ofkommes vu Schengen, de 14. Juni 1985 viru 35 Joer, ass dat klengt Wënzerdierfchen am Dräilännereck weltbekannt ginn. Schengen steet haut fir fräie Gidder- a Persouneverkéier. Schengen ass e Meilesteen fir all déi Leit, déi an dem Raum liewen. Schengen steet fir een Europa mat oppe Grenzen, Fridden, Fräiheet a Frëndschaft.

A genee dat Europa ass an de leschte Wochen zolidd gerëselt ginn. Ech mengen et konnt keen sech a senge kéngsten Dreem virstellen, dat erëm eng Rei Nationalstaaten d’Barrière géingen opriichten an d’Kontrolle maachen, déi de Passage vun engem Land zu dem anere Land erschwéieren oder onméiglech maache géingen. Hei spille verschidde Politiker e ganzt geféierlecht Spill a mat esou Aktioune gefährden si all eis Errongenschaften aus de leschte 70 Joer. Et ass eng Utopie ze versichen, e Virus mat zoue Grenzen opzehalen, an ech gleewen och net ob sech e Virus vun de Moossname beandrocke léist.

Haut um 9. Mee 2020 wëlle mir hei an de Marais de Grendel um Ufer vun der Atert zesumme mam Här Buergermeeschter Josy Arend vun Atert an de BuergermeeschterInnen aus dem Kanton Réiden en Zeeche setzen an esou gemeinsam eis fir een Europa mat oppe Grenze staark maachen.

Deklaratioun fir den 9. Mee 2020

Fir en Europa mat oppe Grenzen

Europa huet dat zesummebruecht wat zesumme gehéiert. Europa, dat ass en zesumme Schaffen an e zesumme Liewen. A kee soll d’Recht hunn, d’Leit an hir Liewensgewunnechten duerch Grenzen ze blockéieren.

Europa, dat sinn Honnerte vu gemeinsamen Aktiounen a Projeten, déi op kommunalem, lokalem a regionalem Plang ëmgesat ginn. Europa, dat si Frëndschaften a Partnerschaften, déi wäit iwwert d’Grenze vun de jeeweilege Länner erausginn. Firwat soll all dat elo beim Kampf géint d’Verbreede vun engem Virus ausser Kraaft an domadder op d’Spill gesat ginn ?

Reesen ouni Grenzkontrollen. Sech sécher fillen an een deem anere vertrauen. Europäer ze si bedeit zanter 75 Joer ouni Krich kënnen ze liewen. Mat ivlle Fräiheeten, Garantien a Rechter. All dat baséiert op wirtschaftlecher a politescher Stabilitéit. An op der Solidaritéit ënnerteneen. Wéi dat elo zanter Joerzéngten Usus ass ënner gudden Noperen.

Europa ass awer virun allem och en Europa vun de Bierger. Onofhängeg dovunner op si déi eng Säit oder déi aner Säit de Landesgrenze liewen. Europa ass och en Europa vun de Gemengen a vun de Stied. Well et ass do, wou d’Leit Doheem sinn a liewen.

Duerfir och dëse Message vun de Lëtzebuerger Gemengen a Stied zesumme mat sengem Daachverband, dem SYVICOL.

Europa soll bleiwe wat et ass : Eng staark Unioun !

Déi Unioun gëtt, wéi vill aner Liewensgemeinschafte weltwäit, zur Zäit vun engem Virus op d’Prouf gestallt, mee duerfir brécht se elo awer net auserneen. Well dofir sinn all déi Verbindungen ze staark an d’Solidaritéit ze grouss.

Haut op dësem 9. Mee 2020, dem Europadag, genau 70 Joer nom Dag vum Robert Schuman senger Deklaratioun, halen déi Lëtzebuerger Gemengen zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch an aus Frankräich den Europäesche Gedanke ganz héich.

Mat engem staarke Message a mat engem symbolesche Geste gëtt den Europafändel eropgezunn. An och aus Stolz op eng Liewensgemeinschaft déi esou vill ze bidden huet.

Duerfir : Fir en Europa mat oppe Grenzen. D’Bierger vum ale Kontinent kennen a wëlle keen anert Europa.

Retour