Kinosummer vum Pakt vum Zesummeliewen

Mam „Kinosummer am Réidener Kanton“ wëll de Pakt vum Zesummeliewen dëst Joer eng Kéier eppes Neies probéieren, e gratis Open Air Kino, deen all Joer an der Summervakanz a verschidde Gemenge vum Kanton stattfënnt.

Déi ausgewielte Filmer hunn eng direkt oder indirekt Verbindung zum Thema "Zesummeliewen" an all senge Facetten.

Vertrieder vum Pakt vum Zesummeliewen wäerten natierlech dobäi sinn an op eis aktuell Campagne "Je peux voter" hiweisen. Allgemeng hoffe mir, mat eiser Initiativ Bierger vu verschiddenen Hierkonften, Sproochpreferenzen an Alteren zesummenzebréngen.

Dëse flotten Evenement soll - nieft dem Genéisse vun de Filmer - zu gudde Gespréicher féieren a gläichzäiteg och fir Veräiner eng Méiglechkeet sinn, sech ze weisen.

Retour