Pakt vum Zesummeliewen

Den 22 Abrëll 2021 hunn déi 10 Membergemenge vum Gemengesyndikat Kanton Réiden zesumme mat der Gemeng Mäerzeg de "Pakt vum Zesummeliewen“ mat der Madamm Familljeminister Corinne Cahen ënnerschriwwen.

Duerch déi Ënnerschrëft maache mir elo Schrëtt a Richtung Professionaliséierung andeems mir en/eng Integratiounsberoder(in) astellen deen di fräiwëlleg Membere vun den Integratiounskommissioune bei der Ëmsetzung vu flotte Projeten ënnerstëtzen an duerch déi di ganz Regioun profitéiere kann. Mam Departement Integratioun vum Familljeministère, den Associatiounen ASTI a CEFIS an den neien Integratiounsbeoptraagte stinn eis och wichteg Partner zur Säit.

Retour