Safari am Wëlle Westen

Dëst sinn kuerz a kannerfrëndlech (3-5km) Trëppeltier an den 10 Gemenge vum Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg.

Wat brauch ech fir meng Safari?

Dës Tier sinn net all ausgezeechent, dowéinst ass et gutt fir nieft der Kaart aus dem Bichelchen och nach d'Erklärungen mat Fotoen erofzelueden, op déis Du ënnerwee ëmmer kanns zougräifen. Dës kanns Du ënnert de verschiddenen Tier eroflueden (-> Wegbeschreiwung). Fir déi Tier, déi ausgezeechent sinn (Sëll, Koulbich, Rëmmereg, Mäerzeg, Naturpur, Ranschelt) gitt w.e.g. einfach der Beschëlderung no.

Falls Dir d'Bichechele net sollt hunn, kënnt Dir och di entspriechent Säiten vun all den Tier eenzel eroflueden (->Extrait Bichelchen). Gitt heifir och ënnert déi verschidden Tier kucken.

Verschidde Safarien ginn iwwer geheimnisvoll Weeër, déi am Summer liicht zougewuess kinnte sinn, dowéinst am beschten eng laang Box undinn (och gutt fir Zeckebësser virzebeugen). Bei Reen, kinnte verschidde Weeër matscheg sinn, dowéinst w.e.g. ëmmer zoue Schong unhunn.

De Special fir d'Kanner

Op all Wee si 4 Schiferplaque mat engem Indice vun engem Mamendéier (Säugetier) verstoppt. Dës si meeschtens un engem Holze-Piquet fixéiert, deen an de Buedem geschloen ass. W.e.g. nëmmen d'Schiferplaque kucken a net versichen den Holze-Piquet rauszezéien. Et wier och super, wann Dir d'Schiferplaque kinnt rëm bëssi mat Blieder verstoppen, fir dass et och nach spannend bleift fir déi, déi no Iech kommen. Merci villmools.

Um Site www.klima.lu vum Kanton Réiden fannt Dir all d'Informatiounen zu den 20 Safarien am Wëlle Weste

Retour