Stoppt d’Wunnengsnout am Kanton Réiden !

Eng Win Win Situatioun fir d’Proprietären duerch sozial Locatioun.

D’Monique Mahowald (MM) ass Agent Immobilière Social vun HausCaRe, e Service vum Gemengesyndikat Kanton. D’Wunnengsnout gëtt et natierlech och am Réidener Kanton !

Wat genee ass dem HausCaRe seng Aufgab, fir dem entgéintzewierken ?
MM : Ech sichen d’Proprietären iwwert meng Kontakter an iwwer Opriff an diverse Medien fir u Wunnengen ze kommen, déi eidel stinn oder deemnächst fräi ginn. An engem éischten onverbindleche Gespréich kritt de Proprietär erkläert, datt d’HausCaRe d’Roll vum Locataire iwwerhëlt an doduerch garantéiert, datt no der Wunneng gekuckt gëtt an datt d’Bezuele vum Loyer och zu 100% iwwert de Kanton Réiden garantéiert ass. Dat Gefill ouni Stress a Suergen ze verlounen, an ëmmer säi Loyer ze kréien, datt ass fir de Proprietär eng grouss Suerg manner ! No engem géigesäitegen Accord sicht den Office Social no de passende Leit fir eranzeplënneren. Déi sozial Begleedung vun de Bewunner gëtt wärend der Locatiounsperiod duerch kompetent Personal vum Office Social garantéiert.

De Loyer Garanti ass ee vun de groussen Avantagen ?
MM : Wéi oft héieren ech, datt op eemol de Locataire de Loyer net méi bezilt ? A wat dat dem Proprietär fir Suerge mécht ? Dat geschitt bei HausCaRe sécher net. Wien un HausCaRe verlount, kann natierlech net dee selwechte Loyer froen ewéi um Marché. Dat wëll awer net heeschen, datt ee manner gutt ewech kënnt. Au Contraire. Aus Erfarung duerch Gespréicher mat de Proprietären, mat deene mir zesummeschaffen, weess ech, datt d’Avantagë - grad elo a Krisenzäiten, bedeitend sinn ! Och wann ee villäicht manner erakritt, kommen d’Suen awer ëmmer an ouni Ausnam pünktlech eran. De Loyer garanti fënnt och da statt, wann d’Wunneng an enger Phase ass, wou den Occupant wiesselt. Vun all dem kritt de Proprietären näischt mat.

An déi aner Avantagen, déi HausCaRe proposéiert ?
MM : E weideren Avantage ass eng bis zu 75% Steiererliichterung um Revenu net locatif, wann ee mat eis schafft an op de Wee vun enger sozialer Locatioun geet. Donieft huet de Proprietär och d’Sécherheet, datt seng Wunneng vun eis ënnerhale gëtt an egal wéini säi Besetz nees a guddem Zoustand erëm kritt

Dee Service vun der HausCaRe Gestioun ass gratis ?

MM : Absolut. Dat kascht dem Proprietär kee Su. An dat ass net dat eenzegt, wat gratis ass. Et gi Saachen am Liewen, déi engem vill méi brénge wéi de finanzielle Profit. Ech sinn ëfters Zeie gewiescht, wéi frou an zefridden eis Proprietäre waren, wann si duerch dësen Akt vu Solidaritéit Mënsche konkret hëllefe konnten. An och déi Dankbarkeet a respektvoll Haltung vun de Beneficiairen, datt et nach Leit ginn, déi bereet sinn aneren a schwierege Situatiounen ënnert d’Äerm ze gräifen … Kee Geld der Welt kann esou e Gefill bezuelen !

Retour