Eierung "Tour du Duerf" 2020 am Kanton Réiden

Di 325 ageschriwwe Vëlosfuerer aus eisen 10 Gemenge sinn an de leschten 3 Wochen insgesamt 58.251 km - 1,5mol den Tour vum Äquator - gefuer. Domadder hu si de Kanton landeswäit op di éischte Plaz vum Tour du Duerf 2020 bruecht. Ee ganz grousse MERCI geet un all deelhuelend Vëlosfuerer fir hieren Asaz an Ausdauer.

Di beschten Teams aus all Gemeng an di beschten Teams aus dem Kanton sinn e Freiden den Owend an der Réidener Aula geéiert ginn :

1. Plaz : Velo Wal mat 5.875 km
2. Plaz : Velofrenn vun Ell mat 4.014 km
3. Plaz : Iewerlenger Biergriders mat 3.785 km
4. Plaz : Sunshine Bikers & CIS Rammerech mat 3.215 km
6. Plaz : Leembierg Bikers mat 2.842 km

 

Retour