Caritas Buttek

Mir sinn eng Epicerie Sociale a verkafe Liewensmëttel un Beneficiairen déi vum Office Social een Droit d’Accès bei eis kréien.

Doniewent hunn mir och eis Kleeder Stuff wou mir Secondhandkleeder un all Clienten zu engem minime Präis verkafen.

An eiser Kaffisstuff huele mir eis Zäit fir mat eise Beneficiairen ze schwätzen.

Ouverture am September 2014

De Caritas Buttek ass gegrënnt gi vum Office Social vum Réidener Kanton an der Caritas.

Am Mount hunn mir tëschent 40 a 50 Notzer déi reegelméisseg an d 'Epicerië akafe kommen. De gréissten Deel si Famille mat Kanner.

All eis Präisser entspriechen engem Drëttel vun de Präisser vum normale Marché.

Couren

Mir hunn Méindes an Densdesmettes Computercouren , Densdesmettes och ee franséische Cours.

Déi jeeweileg Auerzäit maachen d'Leit of wann se sech umelle kommen. Ee mol am Mount an zwar Freides mëttes hunn mir ee Kachatelier.

Caritas Buttek Redange

32,Grand-rue
L-8510 Redange/Attert

Tel : 402 131 547

buttek.redange@caritas.lu
www.buttek.lu

Retour