Op Zäitrees duerch de Wëlle Westen

100 Fotopannoe laanscht eis Vëlosweeër gi fantastesch Ablécker an d’Liewe vu fréier !

Et lount sech dëse Summer emol méi, fir déi 4 wonnerschéi Vëlostier vum Kanton Réiden op e „Neits“ z’entdecken : grouss impressionant Fotopannoe mam Titel „Zäitrees duerch de Wëlle Westen“ invitéiere fir stoen ze bleiwen.
Si weisen op déi ënnerschiddlechst Manéieren d’Liewe vu fréier an eisem Kanton a versetzen Iech zréck an d’Kandheet vun eise Grouss- oder Urgrousselteren. Unhand vun dëse visuelle Pärele gi mir drun erënnert, wou mir hierkommen. Fréier wor sécher nitt alles besser awer och nitt ëmmer schlecht. Se reegen un, fir iwwert eist Konsumverhalen nozedenken, iwwert eisen aktuelle Liewensstil a Verbindung mam Verbrauch vu wäertvolle Ressourcen an vun eiser kostbarer Zäit. Wat sinn eis Wäerter, wat woren hir Wäerter ? Wéi huet d’Zäit net nëmmen eis Gesellschaft, mee och eis Dierfer changéiert ?

Vill Fotosmaterial staamt souwuel vum genialen a laang onentdeckte Fotograph Nicolas Molitor vu Bungeref (minutiéis opgeschafft vum Romain Gaspar vu Kleng-Elchert), wéi och aus dem Archive vun der Thillenvogtei vu Wal (Antoinette & Jang Ney) an aus der Kollektioun vum Tun Glaesener vu Réiden. Ganz vill Material ass och vu sëllege Privatpersounen erakomm, deene mir ee ganz grousse Merci ausdrécken.

Fir d’Panneauen ze gesinn, fuert eise 4 ausgeschëlderte Vëlostier no : Jhangeli (11 km), Dällchen (26 km), Wisen (36 km) an eisem neie Grenztour (30/52 km).
Méi Info : www.visitguttland.lu/de/sehen-erleben/natur-sport-freizeit/radfahren/thematische-fahrradwege.

Deemnächst wäert och zu dësem Projet eng Broschür erauskommen.

Dëse Projet vum Syndikat Kanton Réiden gouf zesumme mat der Maison de l’Eau ausgeschafft. Ee ganz grousse Merci geet un all déi Persounen, déi eis gehollef hu Fotoen ze sammelen an d’Texter ze verbesseren : Angie Adam, Isabelle Bernard, Arthur Bour, Georges Calteux, Jean Ferber, Romain Gaspar, Tun Glaesener, Georges
Majerus, Jean Nehrenhausen, Antoinette a Jean Ney, Marco Pavani, Fernand Pletschette, Josée Ruppert, Jemp Schuster, Claude Steichen an all di Privatpersounen, déi eis hier Fotoen uvertraut hunn. Villmools Merci och un d’Millen asbl, Schifermusée vu Maartel, Syndikat Ueschdref-Bilschdref, Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn, Jhangelisfrënn, Frënn vun der Atertlinn, Nationalbibliothéik, Tourist-Info vun Useldeng, ORT Guttland, all d’Gemengen, der Naturverwaltung an d’Ponts et Chaussées fir hier Hëllef an Ënnerstëtzung. Den Tourismus-Ministère ënnerstëtzt dëse Projet mat engem generéise Subsid vu 50%. De Syndikat vum Kanton Réiden bedankt sech och ganz häerzlech heifir.

An elo, bleift eis Iech nëmmen nach eng spannend Zäitrees duerch de Wëlle Westen ze wënschen ! Hoffentlech fannt Dir de Wee rëm zréck an dëst Joer !

Retour