Safari Eischt

Op dësem Tour léiert Dir d’Ruin vum Schurelser Schlass, enger Fléibuerg op engem Fiels, kennen. De Wee bis erop an de Fiels ass richteg abenteuerlech! Ënnerwee bidde sech schéin Aussiichten op d’Ëmgéigend. 

Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link: Safari Eischt

Update März 2026: Dëse Wee ass komplett beschëldert, Dir braucht nëmmen dem RB1 nozegoen. Op verschidde Plazen gouf am Bësch geschafft an d'Weeër si liicht matgeholl, mee awer begehbar. 

De 4. Hiweis befënnt sech nach ëmmer a senger neier Stopp, an der Baussemauer vum Schlass. An der Opléisung fannt Dir déi genau Plaz. 

Retour