Safari Iener
Dëse kuerzen Tour bréngt Iech vun Iener an de wonnerschéinen Dall vun der Waasserbaach. E verleeft gréisstendeels op méi breede Bëschweeër an Dir passéiert eng vun de ville Drénkwaasserquellen aus dësem Sandsteen-Gebitt.
Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link: Safari Iener
Update August 2024: Dës Safari verleeft um nei ausgeschëlderten SA2, beim Punkt 4 gitt dem SA2-Zeechen no lénks no, soss maach Dir di grouss Boucle vun dësem Tour.
Den 3. Hiweis huet missen deplacéiert ginn, well et di Bam-Hockeren net méi ginn. Du fënns di aktualiséiert Fiche vum Bichelchen & d’Opléisung hei ënnendrënner. De Wee ass gutt ze goen.