Safari Kéiber
Op dëser wonnerschéiner Safari, déi vu Kéiber erof an den Dall vun der Dirbech geet, léiert Dir villes iwwer d’Waasser bäi. Den Tour stéisst nämlech bei der Höl vun der Décker Lay op de flotte Waassersënnes-Wee. Bréngt genuch Zäit am Gepäck mat fir d’Plätschere vun der Baach am Schied op Iech awierken ze loossen!
Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link: Safari Kéiber
Update August 2024: Dës Safari ass elo integral e Guttland.Trail ginn, Dir braucht also nëmmen nach dem gréngen O nozegoen. Checkt nëmmen nach d’Richtung anhand vun der Kaart.
Den Hiweis N°1 ass rëm do, w.e.g. den décke Steen leie loossen. Dir kënnt och Är Waasserschong mathuelen an d’Kanner an der Baach spille loossen. Behalt awer nach genuch Energie iwwreg fir d’Montée erop op Kéiber! De Wee ass gutt ze goen.