Safari Koulbich

D’Safari vu Koulbich ass identesch mam Parcours santé vum Roude Kräiz. Ënnerwee hutt Dir net nëmmen d’Méiglechkeet di sëllege Fitness-Übungen ze testen, mee och Skulpturen ze bewonneren. De Park vum Koulbicher Schlass ass eenzegaarteg a bitt eng grouss Diversitéit u Beem. Loosst Iech ënnerwee vum Geescht vum Aline an Emile Mayrisch verzauberen!

Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link: Safari Koulbich

Update August 2024: Hei huet sech näischt geännert, ausser dass de Chantier vum Schlass endlech ugefaangen huet. Dowéinst sinn och Ofsperrgitter ronderëm d’Schlass opgestallt ginn. D’Zeeche vum Parcours Santé schéckt Iech laanscht dës Ofsperrgitter, dir kënnt awer och einfach beim Ufer vum Séi weidergoen a rëm zréck op de Punkt 6 (esou wéi um Plang gezeechent ass). De Wee ass gutt ze goen.

 

Retour