Safari Nojem
Dëse kuerzen an ofwiesslungsräiche Rondtour féiert Iech iwwer einsam Weeër op d’Vëlospist PC17 där Dir fir 1,4km follegt, iert et rëm zréck an de Bësch Richtung Nojem geet.
Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link: Safari Nojem
Update August 2024: Bei dëser Safari huet sech och näischt geännert. De Wee war plazeweis am Bësch tëscht dem Punkt 9 an 10 naass. Einfach gutt Schong undin!
