Safari Pärel
Dës Safari féiert Iech iwwer een ale Wee an de geheimnisvollen Dall vun der Kakebaach. Dësen Deel ass net kutschefrëndlech. De Réckwee verleeft iwwert ee breede Bësch- a Feldwee.
Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link: Safari Pärel
Update August 2024: Bei dëser Safari huet sech näischt geännert. De Wee tëscht de Punkte 4 a 6 ass bëssi zougewues, dot w.e.g. eng laang Box un. Ofgesi vun dësem éischten Abschnitt ass de Wee gutt ze goen.
