Safari Schweech
Op dëser Safari entdeckt Dir vill verstoppte Bëschpied am grousse Bësch vun der Gemeng Biekerech. Och hei gesitt Dir, dass de Sandsteen een idealen Drénkwaasser-Späicher ass. Ofgesi vun enger ustrengender Montée, ass de Wee soss net ustrengend.
Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link: Safari Schweech
Update August 2024: Op dëser Safari huet sech näischt geännert. Si ass nach ëmmer gutt ze goen.
