Safari Sëll
D’Safari vu Sëll verleeft um bloe Sëller Fitness Cross an ëmronnt den Ditzebierg, deen och ee wichtegen Drénkwaasser-Späicher vun der Gemeng Sëll an der DEA (Distribution d’Eau des Ardennes) ass. Dir passéiert och de Bëschkierfecht vun der Gemeng Sëll an hutt ënnerwee eng schéi Vue op den Dall vun der Haasselbaach.
Update August 2024: D’Beschëlderung vum Cross Track ass eweggeholl ginn. Elo ass de Wee mam SA3 Zeeche beschëldert an den Départ ass elo bei der Kiirch. Also ëmmer dem SA3-Zeechen nogoen. D’Plaquetten hunn net geännert. Dir kënnt eng Ofkierzung maachen, déi am neie Plang agedroen ass, Dir verpasst och keng Plaquette wann Dir dës Ofkierzung huelt.
Neie Komoot-Link: Sëll
