Visite du Shared Space à Bertrange

Visite du Shared Space à Bartreng

Dans le cadre de la convention avec le ministère de l'Aménagement du territoire, où le canton de Redange développe une vision territoriale, des représentants de nos communes ont visité le Shared Space à Bertrange aujourd'hui.

Après aune présentation du concept par le bourgmestre de Bertrange, Mme Monique Smit, et le premier échevin, M. Youri De Smet, nous nous sommes fait une idée de sa mise en œuvre sur le terrain. L'objectif du projet, visant à apaiser la circulation, a clairement été atteint.

Il était très intéressant de constater que les commerçants autour du Shared Space sont très satisfaits depuis sa mise en œuvre, et le nombre de piétons et de cyclistes a rapidement augmenté. La qualité de vie dans le centre du village, où se trouvent tous les bâtiments municipaux et services, s'est considérablement améliorée.

Les représentants sont rentrés chez eux avec beaucoup d'inspiration et d'exemples positifs en tête.

Nous tenons à remercier chaleureusement la commune de Bertrange pour leur temps et leur accueil exceptionnel.

Visite vum Shared Space vu Bartreng

Am Kader vun der Konventioun mam Landesplanungsministère, wou de Kanton Réiden eng Vision territoriale entwéckelt, si sech haut Vertrieder aus eise Gemengen de Shared Space op Bartreng ukucke gaangen.

Nodeems mir d'Konzept vun der Bartrenger Buergermeeschtesch, der Madamm Monique Smit a vum éischte Schäffen, dem Här Youri De Smet, virgestallt kruten, hu mir eis ee Bild vun der Ëmsetzung um Terrain gemaach. D'Zil vum Projet, dass de Verkéier soll berouegt ginn, ass kloer erreecht ginn.

Ganz interessant war, dass d'Geschäfter ëm de Shared Space richteg zefridde sinn nodeems dësen ëmgesat gouf an d''Unzuel u Foussgänger a Vëlosfuerer huet sech och séier no uewen entwéckelt. D'Openthaltsqualitéit am Duerfkär, an deem sech sämtlech Gemengegebaier a Servicer befannen, huet sech ëm villes verbessert.

Mat vill Inspiratiounen a positive Beispiller am Kapp sinn d'Vertrieder duerno heemgefuer.

Mir soen der Gemeng Bartreng, a speziell der Buergermeeschtesch an dem éischte Schäffen, ee ganz grousse Merci fir hir Zäit an hire super Ëmfank.

Retour