Vivre-Ensemble am Kanton Réiden
De 26. Juni hunn d’Gemengen am Kanton Réiden an d’Gemeng Mäerzeg zesummen a Präsenz vum Minister Max Hahn an dem Vizepresident vum SYVICOL, dem Serge Hoffmann, den neie Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen.
Wat ass den neie Pakt vum interkulturellen Zesummeliewe ? Et geet drëm, mat der Ënnerstëtzung vum Familljeministère an engem partizipativen Prozess Ziler a Moossnamen z'identifizéieren an ëmzesetzen, fir d'Zesummeliewen weider ze verbesseren.
D'Strategie gëtt vum Conseil superieur vum interkulturellen Zesummeliewen als Berodungsorgan fir de Minister mat entwéckelt. Vun den 30 Conseilsmembere goufen gëschter 16 Binomen als Gemengevertrieder vun allen CCVEIen am Land gewielt.
Wat huet dat mat eis ze dinn ? Et freet eis, iech matzedeelen, dass déi 2 Binomen déi mir fir d'Walen opgestallt hunn : Sonja Kettmann (CCVEI Rambrouch) mam Laure Willière (CCVEI Groussbus-Wal) a Christiane Harpes (CCVEI Useldeng) mam Kim Müller (CCVEI Ell) als Vertrieder fir eis 10 Gemengen, déi de Pakt zesumme ënnerschriwwen hunn, allebéid an den neie Conseil Superieur gewielt goufen.
Domatter huet eis Regioun an Zukunft eng Stëmm op nationalem Niveau a mir kënnen direkt d'Strategie beaflossen fir d'Zesummeliewen weider ze förderen.