Safari am Wëlle Westen - Erklärungen

Entdeckt zesumme mat Äre Kanner di schéinsten Trëppelweeër am Wëlle Westen a gitt villes iwwert eis Mamendéiere gewuer. Esou hoffe mir d’Kanner vu klengem u fir Natur an Ëmweltschutz ze begeeschteren. Déi meescht Tier sinn nitt ausgeschëldert, dofir braucht Dir dës Broschüre an déi eenzel Weebeschreiwungen, déi Dir ënnert all Safari fannt.

Am Facebook-Grupp „Safari am Wëlle Westen“ si reegelméisseg Informatiounen iwwer Ännerungen, Upassungen a News, respektiv kënnt Dir eis och do ganz gäre matdeelen, wann ënnerwee eppes nitt klappt oder futti gaangen ass.

Weder de Besëtzer vum Terrain iwwert deen Dir trëppelt, nach d’Gemengen oder de Syndikat vum Kanton Réiden sinn haftbar am Fall wou Iech ënnerwee eppes zoustéisst. Dir gitt op Är eege Verantwortung. Verschidden Tier ginn och deel duerch privat Bësch. Hei ass et ëm sou méi wichteg, dass Dir ëmmer op de Weeër oder Bëschpade bleift an näischt hannerloosst. Mir soen Iech villmools Merci, dass Dir dëst respektéiert.

Wat brauch ech fir meng Safari ?

Dës Tier sinn net all ausgezeechent, dowéinst ass et gutt fir nieft der Kaart aus dem Bichelchen och nach d'Erklärunge mat Fotoen erofzelueden, op déis Du ënnerwee ëmmer kanns zougräifen. Dës kanns Du ënnert de verschiddenen Tier eroflueden (-> Wegbeschreiwung). Fir déi Tier, déi ausgezeechent sinn (Sëll, Koulbich, Rëmmereg, Mäerzeg, Naturpur, Ranschelt) gitt w.e.g. einfach der Beschëlderung no.

Falls Du d'Bichechele net hues, kanns Du och di entspriechent Säiten vun all den Tier eenzel eroflueden (->Extrait Bichelchen). Géi heifir och ënnert déi verschidden Tier kucken, soss hei ënnen fënns du de kompletten PDF vum Bichelchen. 

Verschidde Safarien ginn iwwer geheimnisvoll Weeër, déi am Summer liicht zougewuess kinnte sinn, dowéinst am beschten eng laang Box undinn (och gutt fir Zeckebësser virzebeugen). Bei Reen, kinnte verschidde Weeër matscheg sinn, dowéinst w.e.g. ëmmer zoue Schong unhunn.

De Special fir d'Kanner

Op all Wee si 4 Plaque mat engem Indice vun engem Mamendéier (Säugetier) verstoppt. Dës si meeschtens un engem Holze-Piquet fixéiert, deen an de Buedem geschloen ass. W.e.g. nëmmen d'Plaque kucken a net versichen den Holze-Piquet rauszezéien. Et wier och super, wanns Du d'Plaque kinnt rëm bëssi mat Blieder verstoppen, fir dass et och nach spannend bleift fir déi, déi no Dir kommen. Merci villmools.

Fir d'Indicen, déi op de Plaque gemoolt si bësser interpretéieren ze kënnen, invitéiere mir Iech di flott Déierekaarte vun der ANF am Virfeld mat Äre Kanner duerchzehuelen. Dës ginn all d'Informatiounen un, déi Dir braucht fir optimal op d'Safarie virbereet ze sinn. Zousätzlech och am beschten eng Kéier d'Erklärungen fir d'Indicen ukucken ;-) (och am Bichelchen op Säit 130 & 131)

D'Eltere kënnen och eng Foto vun all Verstopp ënnert de verschiddenen Tier virfannen (->Opléisung), wou gewise gëtt, wou dat genaut Versteck vun all Plaque ass.

Problemer ënnerwee ?

Hues Du eppes ënnerwee fonnt, wat net klappt (gebrache/verschwonne Plaque, Problemer um Wee, ....) ? w.e.g eng Mail schreiwen mat der Nummer vun der Safari an der Nummer vum Indice (1-4) : report@kanton-reiden.lu ODER um FACEBOOK Grupp "Safari am Wëlle Westen" mellen.

Download vum GPX

Op dësem Geoportail-Link kanns Du d'Safarien als GPX / KML - Datei eroflueden.

Belounung fir d'Kanner

Hues Du op mannst 15 Déiere entdeckt ? Da kriss Du ee Safari-Survivor Diplom heemgeschéckt. W.e.g. heifir di leschte Säit am Bichelchen ausfëllen an un d'Tourist Info Atert Wark (1, Millenhaff L-8706 Useldeng) schécken. Et gëtt keng Date-Limite fir dësen Diplom, Dir braucht Iech also net ze hëtzen fir op mannst 15 Safarien dëst Joer ofzeschléissen. 

Mir wënschen Iech vill spannend Entdeckungstouren an eisem Wëlle Westen a passt gutt op Iech an och w.e.g. op eis Natur op !

Dëse Projet vum Syndikat Kanton Réiden gouf zesumme mat der ANF, dem Schifermusée vu Maartel, de Biekerecher Millepätteren, dem regionale Bureau vun Natura2000 an der Tourist-Info vun Useldeng ausgeschafft. Mir soen dëse Partner villmools Merci hier gutt Zesummenaarbecht.

Retour