Safari Misärsbréck
Op dësem ofwiesslungsräichen Tour kritt Dir villes gebueden : de Séi mat enger Plage, 2 Brécken, ee Bierg, Wiissen & Weiden a flott Vuen ! Wéinst de Bëschpied an der géier Montée ass e besser ze Fouss wéi mat enger Kutsch ze maachen.
Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari Misärsbréck
Update Mäerz 2026 : Déi 2. Plaquette huet sech eng nei Plaz gesicht, nodeems se samt schwéierem Piquet erausgerappt gouf a verschwonnen ass. Am neien "Extrait Bichelchen" fannt Dir déi nei Beschreiwung vum Stopp an an der Opléisung, eng Foto vun der Stopp.
